An der Hesper Gemeng gëtt et eng grouss Unzuel u Leit, déi all Dag fir d’Awunner an d'Awunnerinnen aus der Gemeng schaffen.
Zu deene Leit zielen ënner anerem d’Pompjeeën. Bei Iwwerschwemmungen, Bränn oder Accidenter si si ëmmer asazbereet a schnell op der Plaz.
Vun 8 Joer u kann ee bei de Jugendpompjeeë matmaachen. Ab 16 Joer wiesselt een dann automatesch bei déi grouss Pompjeeën.
Aner Leit engagéieren sech an enger Gemengekommissioun. Eng Kommissioun ass e Grupp vun Awunner an Awunnerinnen, déi an engem bestëmmte Beräich zesummen nei Iddien ausschaffen oder Léisunge fir Problemer virschloen.
Eng Kommissioun ka keng Entscheedungen huelen, si schéckt hir Virschléi un de Schäfferot.
An der Hesper Gemeng gëtt et zum Beispill eng Schoulkommissioun, eng Sports- a Fräizäitkommissioun, eng Mobilitéitskommissioun, eng Kulturkommissioun, eng Ëmweltkommissioun an nach vill anerer.
Beäntwert Froen:
13. Wat fir eng Kommissioun gëtt et NET an der Gemeng Hesper?