Gemengewalen

E Gemengerot mat 17 Memberen

All 6 Joer ginn et zu Lëtzebuerg Gemengewalen. Zu Hesper, eng vun de gréisste Gemengen am Land mat méi wéi 17.000 Awunner, musse bei de Gemengewale 17 Leit gewielt ginn, déi dann zoustänneg sinn, fir d'Aufgabe vun der Gemeng fir 6 Joer ze iwwerhuelen.

D’Walen

Mam Walrecht kréien d’Awunner aus der Gemeng d'Méiglechkeet, de Gemengerot ze wielen. Awunner mat der Lëtzebuerger Nationalitéit stinn automatesch op der Wielerlëscht a musse wiele goen esoubal se 18 Joer al sinn.

Mee och, wann een eng aner Nationalitéit huet an un de Gemengewalen deelhuele wëll, ass dat méiglech - et muss een sech just bei der Gemeng an d'Wielerlëscht androen.

Wat sinn d'Aufgabe vun enger Gemeng?

Et ginn ënnerschiddlech Aufgaben: Eng Gemeng muss zum Beispill fir d'Waasserversuergung an d'Ofhuele vun de Bierger hiren Dreckskëschte suergen. Da kann all Gemeng selwer Projeten ausschaffen, wéi zum Beispill d'Moderniséierung vun hire Schoulgebaier, nei Sportshalen oder eng nei Museksschoul bauen.
An da gëtt et nach Aufgaben, déi d'Gemeng fir de Staat muss maachen, zum Beispill wann een eng nei Carte d'identité brauch.

 Beäntwert Froen:

7. Wéi vill Leit sinn am Hesper Gemengerot?

  • 16
  • 17
  • 18
  • 19

8. Wéi al muss ee sinn, fir selwer Kandidat bei de Walen ze sinn?

  • 16 Joer
  • 18 Joer
  • 21 Joer
  • 25 Joer
Skip to content