An der Hesper Gemeng ginn et vill Veräiner: vu Sport iwwer Musek bis zur Konscht an nach vill aner Beräicher. Deemno wat dech interesséiert, kanns du dech bei engem Veräin mellen, Member ginn an an denger Fräizäit hëllefen. Sou léiers du Leit kennen an du kanns eppes fir anerer maachen.
D’Gemeng ënnerstëtzt d’Veräiner an d'Membere vun de Veräiner hëllefen der Hesper Gemeng reegelméisseg bei Fester, wéi z.B am Hesper Park.
An der Hesper Gemeng ginn et vill Sportsveräiner. Wann dech eng oder méi Sportaarten interesséieren, da mell dech bei engem vun de Responsabelen oder engem Trainer vum Veräin.
Da kanns du um Training deelhuelen, mat op d’Matcher goen, selwer Trainer oder Trainerin oder Member am Comité ginn. Nieft dem sportlechen Deel kanns du awer och op Eventer eng Hand mat upaken.
Du hues Spaass un der Musek?
Nieft der Hesper Museksschoul ginn et an der Hesper Gemeng 2 Museken: d’Hesper Musek an d’Fanfare Izeg.
An och fir eis Sänger a Sängerinnen huet d’Gemeng Hesper eppes ze bidden. Wann s'du also en Instrument spille kanns oder gären am Grupp séngs, fënns du an eise 5 Uertschaften interesséiert Uspriechpartner an Uspriechpartnerinnen.
Scouten
D’Scoute sti fir Wäerter wéi Hëllefsbereetschaft, Respekt, Verantwortung an Engagement.
Mir si frou, dass och an eiser Gemeng mat den Houwalder Scouten (Grupp Don Bosco) an den Hesper Kriibsen (zu Alzeng) 2 aktiv Scoutsgruppe present sinn.
Wann s du aner Interessen hues, da fënns du an der Hesper Gemeng och nach vill aner Veräiner, déi nei Membere sichen an dech vläicht interesséiere kéinten.
Beäntwert Froen: