Eis Hesper Gemeng
Fréier gouf et méi Gemengen ewéi haut. Firwat? Well heiansdo 2 oder souguer méi Gemengen zesummegeluecht ginn. Dat nennt een dann eng Fusioun.
Wa Gemenge fusionéieren, gëtt doraus eng nei, méi grouss Gemeng. D'Zuel vun de Gemengen huet sech also am Laf vun der Zäit verännert a ka sech och an Zukunft nach änneren.
D’Nopeschgemengen vun Hesper sinn: d'Stad Lëtzebuerg, Conter, Réiser, Weiler-la-Tour an Sandweiler.
Unzuel vun de Gemengen
2011: 116
2017: 105
2023: 100
D’Gemeng Hesper
Eng Gemeng kann aus enger eenzeger oder aus méi Uertschafte bestoen. Säit 1823 gehéiere 5 Uertschaften zu der Gemeng Hesper:
Alzeng – Fenteng – Hesper – Houwald – Izeg.
An all Gemeng gëtt et e Buergermeeschter oder eng Buergermeeschtesch. Zesumme mat de verschiddene Schäffen an dem Gemengerot ginn Entscheedunge fir d’Gemeng geholl an et gëtt decidéiert, wat an der Gemeng gemaach gëtt, z. B. nei Spillplazen, nei Stroossen oder nei Schoulen.
D’Uelzecht
De Floss, deen duerch Hesper fléisst, nennt sech Uelzecht. Dëse Floss huet och seng Plaz an der éischter Strof vun der Lëtzebuerger Nationalhymne „Ons Heemecht“. Dëst Lidd gëtt zum Beispill um Nationalfeierdag gesongen.
Den Hesper Wopen
All Gemeng zu Lëtzebuerg huet säin eegene Wopen. Um Wope sinn oft Symboler drop, déi typesch fir déi jeeweileg Gemeng sinn. Oft sinn dat Schlässer oder Buergen, Déieren oder Flëss.
De Wope vun der Hesper Gemeng erkennt een un de Faarwen: rout – gold – blo, mee virun allem um Tuerm uewe riets, deen natierlech un d’Hesper Buerg erënnert.
Den Hesper Logo
Säit 2002 huet d'Hesper Gemeng och en eegene Logo, mat typeschen Hesper Symboler. A rouder Faarf erkennt een 2 verschidden Elementer: d'Hesper Buerg, déi jo och um Wopen ass, an och d’Hesper Gemengenhaus.
Duerch déi blo a schwaarz Faarf kann ee souwuel d’Uelzecht wéi och d’Autobunnsbréck erkennen.
Déi 5 schwaarz Seeler, déi alles verbannen, sti fir 5 Uertschafte vun der Hesper Gemeng.
Beäntwert Froen:
1. Aus wéi vill Uertschafte besteet d’Gemeng Hesper?
Uelzecht
Sauer
Musel
6. Wéi heeschen eis Nopeschgemengen?
Réiser, Lëtzebuerg, Contern, Sandweiler, Weiler-zum-Tuerm