All 6 Joer gëtt en neie Gemengerot vun den Awunner aus der Gemeng Hesper gewielt. Insgesamt besteet de Gemengerot aus 17 Fraen a Männer. Zesummen decidéiere si, wat wichteg a sënnvoll fir d'Bierger aus der Hesper Gemeng ass.
Eng vun dëse 17 Persounen ass de Buergermeeschter oder d’Buergermeeschtesch.
Si oder hien iwwerhëlt d’Verantwortung an der Gemeng a gëtt dobäi vum Schäffen- a Gemengerot ënnerstëtzt.
Dat heescht awer net, dass de Buergermeeschter oder d'Buergermeeschtesch alles eleng entscheede kann.
Zu Hesper ginn et 3 Schäffen. D’Schäffen ënnerstëtzen de Buergermeeschter oder d'Buergermeeschtesch an hëllefen bei der Aarbecht.
Reegelméisseg sëtze si zu 4 zesummen an diskutéieren iwwert Iddien a preparéiere Projeten, fir se mat an de Gemengerot ze huelen.
Am Gemengerot diskutéieren déi 13 aner Persounen zesumme mam Schäfferot iwwert d'Proposen, déi ausgeschafft goufen. Jidderee ka soen, ob e mat enger Iddi averstan ass oder och net averstan ass.
All Member aus dem Gemengerot dierf och selwer nei Iddie virschloen an dem Schäfferot Froe stellen.
All Projet gëtt am Gemengerot ofgestëmmt. Vun de 17 Memberen am Hesper Gemengerot musse mindestens 9 Leit averstan sinn a "Jo" soen.
Vun deem Moment u seet een dann, dass d'Majoritéit averstan ass, an da kann de Projet realiséiert ginn.
Beäntwert Froen:
10. Däerf de Buergermeeschter oder d'Buergermeeschtesch alles eleng entscheeden?