D’Lëtzebuerger Land

De Groussherzog

Lëtzebuerg ass eng Monarchie, dat heescht, dass eng eenzeg Persoun un der Spëtzt vum Land steet.

Zu Lëtzebuerg ass dat de Groussherzog, och nach „Grand-Duc“ genannt. Hien ass also de Staatschef.

Monarchie bedeit awer och, dass den Troun verierft gëtt. Wann de Groussherzog „an d’Pensioun“ geet oder stierft, da gëtt hie vu sengem eelste Jong oder sengem eelste Meedchen ersat.

Staatschef vu Lëtzebuerg

De Grand-Duc vertrëtt Lëtzebuerg am Ausland. Hien invitéiert och reegelméisseg Staatscheffinnen a Staatscheffen.

Wann de Groussherzog oder soss e Member vun der groussherzoglecher Famill op Besuch kënnt, gëtt "De Wilhelmus" gespillt.

D’Chamber

All 5 Joer gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. D’Chamber besteet aus 60 Männer a Fraen. Dës 60 Leit ginn “Deputéiert” genannt a versammele sech reegelméisseg an der “Chamber” um Krautmaart.

Si kënne Gesetzer änneren oder nei opstellen. D'Deputéiert mussen zesummen ofstëmmen, ob si fir oder géint en neit Gesetz sinn.

D'Regierung

D'Regierung besteet aus verschiddene Ministeren. All Minister bekëmmert sech ëm e bestëmmte Beräich d'Schoul, de Verkéier, d'Gesondheet, d'Famill ...

D’Gesetzer

Obwuel de Groussherzog de Staatschef vu Lëtzebuerg ass, däerf hie keng Decisiounen huelen, ouni dass d'Regierung zoustëmmt. Hie kann also net einfach nei Gesetzer maachen. Dat ass d’Aarbecht vum Parlament.

Mee fir dass déi nei Gesetzer, déi vun der Chamber gestëmmt ginn, a Kraaft trieden, muss de Groussherzog se offiziell matdeelen.

Eréischt ab deem Moment si se offiziell an däerfen dann och ugewant ginn.

Erënnerung u fréier:

Säit 1946 gëtt all Joer am Oktober d’Journée de commémoration nationale ofgehal. Op dësem wichtegen Dag gëtt un d'Leit geduecht, déi am Zweete Weltkrich ëm d'Liewe komm sinn oder sech fir d'Fräiheet agesat hunn. Dofir ginn och zu Lëtzebuerg an a senge Gemenge Blummekränz bei symbolesche Monumenter niddergeluecht.

 Beäntwert Froen:

22. Wat fir eng Ausso iwwer de Groussherzog ass falsch?

  • De Groussherzog gëtt all sechs Joer nei gewielt.

  • De Groussherzog ass de Staatschef.

  • Um Nationalfeierdag feiere mir dem Groussherzog säi Gebuertsdag.
  • De Groussherzog soll säi Land a seng Awunner beschützen.

23. Wat fir e Saz ass ganz richteg?

  • D’Parlament besteet aus 60 Männer a gëtt all 5 Joer nei gewielt.

  • D’Parlament besteet aus 60 Frae a gëtt all 5 Joer nei gewielt.

  • D’Parlament besteet aus 60 Männer a Fraen a gëtt all fënnef Joer nei gewielt.

  • D’Parlament besteet aus 50 Fraen a Männer a gëtt all sechs Joer nei gewielt.

Skip to content