Lëtzebuerger Traditiounen 1

Wat ass eng Traditioun?

Eng Traditioun ass e Brauch oder e Fest, dat et scho säit laanger Zäit gëtt. Eng Traditioun gëtt och ëmmer ëm déi selwecht Joreszäit ofgehal oder op déi selwecht Aart a Weis gefeiert. Lëtzebuerg huet och ganz vill Traditiounen.

Liichtmëssdag

Liichtmëssdag fënnt all Joer den 2. Februar statt. D’Kanner gi bei d’Leit aus dem Duerf schellen a sangen de “Léiwer Härgottsblieschen”.

D’Leit verdeelen als Merci Séissegkeeten, Nëss oder Uebst. Meeschtens hunn d’Kanner e Lampion dobäi.

Buergbrennen

Enn Februar oder Ufank Mäerz gëtt a villen Dierfer e risege Koup aus Holz a Stréi a Form vun engem Kräiz oder engem Tuerm openee gestapelt. Wann et dann däischter ass, gëtt déi ganz Konstruktioun verbrannt.

D’Traditioun seet, dass de Wanter doduerch verbrannt gëtt an dass d’Fréijoer mat sengen Temperature vun elo u wëllkomm ass. An der Gemeng ginn 2 Buerge verbrannt: eng zu Fenteng an eng zu Izeg.

Bretzelsonndeg an Ouschtersonndeg

Um Bretzelsonndeg schenkt de Mann senger Dramfra eng Bretzel, als Zeeche vu senger Léift.

3 Woche méi spéit, op Ouschtersonndeg, schenken d'Fraen hiren Allerléifsten een Ouschteree zeréck. Wa si dat awer net fillen, da schenke si him en eidele Kuerf.

Fakt

An engem Schaltjoer ass et ëmgedréint: D'Männer kréien dann eng Bretzel geschenkt a si kënnen 3 Woche méi spéit mat engem Ee oder engem Kuerf drop reagéieren.

Déi nächst Schaltjoren:

2028, 2032, 2036, 2040, 2044, 2048

Hesper ass als eng Héichbuerg vun der Fuesent bekannt. Ab der 2. Hallschent vum 20. Joerhonnert hu sech d’Fuesboken aus dem Land op Hesper gemaach, fir do u landbekannte Baler wéi dem Formidabel, Hesper am Damp oder och dem Altweiberbal deelzehuelen.

Si fréier d’Leit fir d’Fuesent duerch déi vill Duerfcaféë gezunn, gëtt haut éischter zentraliséiert an engem grousse Sall gefeiert.

 Beäntwert Froen:

14. Wat fir eng Traditioun fënnt ëmmer um 2. Februar statt?

  • Buergbrennen
  • Liichtmëssdag
  • Hesper Fuesent

15. Wat ass de Sënn vum Buergbrennen?

  • Et ass eng Erënnerung un d’Hesper Buerg, déi viru laanger Zäit ofgebrannt ass.

  • De Wanter gëtt verbrannt.
  • D’Chrëschtbeemercher vun den Hesper Awunner sollen op deem Dag verbrannt ginn.

  • Et ass eng wichteg Übung fir d’Hesper Pompjeeën.


17. Op Bretzelsonndeg verschenkt een eng Bretzel. Mee wat ass eng Bretzel?

  • E Rank
  • Eng Blumm
  • E Gebäck, e Kichelchen
  • E Kuss

18. Wou gëtt déi gréisste Kiermes aus dem Land ofgehalen?

  • An Hesper

  • An Esch

  • An Iechternach

  • An der Stad Lëtzebuerg
Skip to content