Lëtzebuerger Traditiounen 2

Meekranz

Um 1. Mee versammele sech d'Leit, fir zesummen an de Bësch ze goen. Mat frëschen Äscht bastele si grouss Kränz, déi si am Duerf un d'Fassade vun den Haiser hänken.

Ganz oft ginn dobäi Haiser ausgesicht, an deenen ee sech versammele kann, wéi zum Beispill e Restaurant, e Bistro oder e Veräinshaus.

Nationalfeierdag

Den Nationalfeierdag ass ëmmer den 23. Juni an deen Dag ass och schoulfräi. Mir feieren dem Groussherzog säi Gebuertsdag, obwuel hien a Wierklechkeet op engem aneren Datum Gebuertsdag huet.

Um Virowend vum Nationalfeierdag, dat heescht den 22. Juni, ass an der Haaptstad eng grouss Feier mat engem Freedefeier. Well awer net jiddereen op deem Dag an d’Stad fuere kann, organiséieren d’Gemengen och eppes fir hir Bierger a Biergerinnen.

Esou och zu Hesper, wou zesumme mat de Veräiner an den Awunner ëmmer eng flott Zeremonie organiséiert gëtt.

Kiermes

Fréier gouf e grousst Fest gefeiert, wann eng nei Kierch geweit gouf. D’Leit hunn dann zesumme gesongen, giess a gedanzt. Mat der Zäit ass aus dëser Kiermes e Volleksfest ginn. Haut ass eng Kiermes fir d’Leit aus der Gemeng e flott Zesummesi mat gudder Stëmmung, wou Grouss a Kleng flott Animatioune fannen, wéi Karusseller, Iessbuden oder och flott Verkafsbuden. Déi gréisst Kiermes am Land ass d’Schueberfouer um Glacis. An eiser Gemeng hu mir 5 Kiermessen – verdeelt op d’ganzt Joer.

Laut der Traditioun gëtt op der Ouverture vun all Kiermes vun der Duerfmusek e speziellt Lidd gespillt, den Hämmelsmarsch.

De Kleeschen

Der Legend no belounen de Kleeschen a säi Gesell, den Houseker, all déi Kanner, déi sech dat ganzt Joer gutt geschéckt hunn oder an der Schoul oder doheem fläisseg waren.

De 6. Dezember hunn d’Kanner schoulfräi, fir hir Kaddoen opzemaachen, déi de Kleeschen hinnen an der Nuecht heembruecht huet. Vun Enn November u kann een de Kleeschen begéinen, wann hien de Kanner an der Schoul oder am Veräin Titercher mat Séissegkeete verdeelt.

Dofir léieren d’Kanner och e Lidd, dat si dem Kleesche sangen, wann hien op Besuch kënnt.

Lauschter hei dem Kleesche säi Liblingslidd „Léiwe Kleeschen”.

Chrëschtzäit

De 25. Dezember ass Chrëschtdag. D'Traditioun wëll, dass een zesumme mat senger Famill a senge Frënn feiert, an oft gëtt e grousse Chrëschtmenu opgedëscht.

Vun Ufank Dezember u kann ee sech en Dännebeemche kafen an doheem dekoréieren. Ausserdeem mécht ee sech géigesäiteg Kaddoen, déi een ënnert de Chrëschtbeemche leet.

Ganz oft riichten d'Gemengen och e grousse Chrëschtbeemchen dobaussen op. Am Dezember fënnt een och iwwerall Wanter- a Chrëschtmäert, wou ee Glüwäin, Gromperekichelcher oder Séissegkeete kafe kann

Vill Kulturen - verschidden Traditiounen

Déi meescht Traditiounen zu Lëtzebuerg kommen aus der chrëschtlecher Relioun.

Zu Lëtzebuerg liewen awer och ganz vill Leit mat anere Kulturen an déi feieren dofir och aner Fester. "La fête de l'amitié" ass e multikulturellt Fest zu Hesper, wat all déi verschidde Kulturen zesummebréngt. Hei kënnen d'Leit hir Traditiounen, Dänz an Iessensspezialitéiten virstellen an esou en interkulturellt Zesummeliewen ënnerstëtzen.

 Beäntwert Froen:

16. Wat sollen d’Leit de Kanner am Lidd „Léiwer Härgottsblieschen“ ginn?

  • Speck an Ierbessen
  • Speck a Kamellen
  • Schockela a Lutschen
  • Speck a Gromperen

19. Wat gëtt Nationalfeierdag gefeiert?

  • Dem Groussherzog säi Gebuertsdag
  • D’Gëlle Fra
  • D'Onofhängegkeet vum Lëtzebuerger Land
  • Den Ufank vum Summer

20. Wéi heescht dat multikulturellt Fest, wat eemol am Joer zu Hesper organiséiert gëtt?

  • Das Fest der Wiesen
  • La fête de l’amitié
  • D’Fest vun der Fräiheet
  • Kultursummer
Skip to content